D’Jugendherberg Esch – Méi wéi e Bett

D’Jugendherberg Esch – Méi wéi e Bett
Découvrir, Gastronomie

2017 huet déi Escher Jugendherberg nieft der Goar hir Dieren opgemaach. D’Stad Esch hat sech mam Reseau vun de Jugendherbergen zu Lëtzebuerg a Kontakt gesat, nodeems si d’Nofro fir esou eng Struktur an der Haaptstad vum Escher Kanton entdeckt haten. „Si sinn op eis zoukomm a mär waren natierlech frou doriwwer“, seet d’Martine Backendorf vum Marketing Team vu Luxembourg Youth Hostels. Déi sëllege national an international Touristen déi hei all Joer hir Zäit verbrénge sécherlech och.

„Méi wéi e Bett“

Dëst ass den inoffiziellen, interne Slogan vun de Jugendherbergen zu Lëtzebuerg. „De Client bucht zwar e Bett an engem Zëmmer, mee e kritt nach vill méi gebueden. Dat ass ee vun de wichtegste Volete vun deem wat mär maachen“, erkläert d’Jeannine Oberto-Holcher, Responsabel vun der Jugendherberg Esch. Sou kann de Gaascht jee no Loscht vun den Openthaltsraim profitéieren, am Bistro oder am Restaurant „Melting Pot“ eppes iessen an drénken oder un enger Aktivitéit deelhuelen.

Aktivitéiten a lokal Partner

D’Jugendherberg bitt e grousse Programm un Aktivitéite fir Gruppen un. Dës gi gréisstendeels mat lokale Partner, wéi dem Naturschutzzentrum Ellergronn oder den Déierepark, organiséiert. Ausserdeem kënnt d’Jugendherberg och hirer pedagogescher Missioun mat Aktivitéite fir Schoulklassen oder Sproochecoursen no. Déi lescht fannen an de Konferenzsäll statt, vun deenen een der och eng ganz Rei loune kann. „Ausserdeem ass d’Jugendherberg zu Esch déi eenzeg déi eng eege Bün huet, och wann se ganz kleng ass“, füügt d’Jeannine nach bäi.

Beien um Daach

Dat ass awer nach net alles. Nohaltegkeet gëtt hei och grouss geschriwwen. Sou fënnt een dach tatsächlech Beien um Daach vun der Jugendherberg, déi den hauseegenen Hunnech maachen. „Am Fréijoer hu mär ganzer 120 KG Hunnech agesammelt. Déi Beie sinn also definitiv fläisseg“, seet d’Jeannine. Dësen Hunnech kann een dann och an der Jugendherberg oder zum Beispill an der Escher Infofabrik kafen. Niewebäi kritt all Gaascht natierlech eng gutt, professionell Berodung ugebueden, mat ganz motivéierten an engagéierte Guiden.

Eng gemëschte Clientèle

„D’Jugendherberg Esch huet eigentlech net déi standard Jugendherberg Clientèle. Hei ass se méi variéiert an un d’Stad Esch ugepasst“, erkläert d’Martine. Sou fënnt een am September zum Beispill oft Studenten hei déi nach keng Wunneng hunn. Déi aner Zäit sinn et oft Artisten, Kënschtler oder Sportler déi d‘Better beleeën. D’Jugendherberg schafft do ganz gutt mat weidere lokalen Acteure wéi der Rockhal, de kulturellen Institutiounen an der Uni zesummen. „Fir de Weekend vum Festival des Francopholies ware mär zum Beispill ganz ausgebucht“, seet d’Jeannine weider.

Better, Zëmmeren, Visiteuren

Am ganze fënnt een an der Jugendherberg Esch 122 Better op 36 Zëmmer verdeelt. Do kënnt iwwert e Joer schonn eppes zesummen. „2019 zum Beispill waren zu Esch 25.200 Leit op Besuch déi an der Jugendherberg iwwernuecht hunn. Am ganze Reseau zu Lëtzebuerg waren et der esouguer 160.000“, seet d’Martine. Dëse Leit ze weise wéi schéin Esch an d’Ëmgéigend eigentlech ass, läit och dem Jeannine ganz no um Häerz.

D’Aen opmaachen

„Ech gleewe fest un déi Stad hei an un d’Regioun. Esch ka richteg mathale mat villen anere Plazen. Et gëtt vill ze erliewen, et muss ee just d’Aen opmaachen, da gesäit ee wéi schéin et ass“, seet hatt begeeschtert. Och d’Martine, wat eigentlech aus der Haaptstad ass, zielt sech an Tëschenzäit zu den Esch-Fans: „Säitdeem et d’Jugendherberg hei gëtt, hunn ech de Minett kennegeléiert a wéi schéin en ass. D’Natur ass immens an d’Industriekultur huet och eng gewësse Romantik.“ Wéi vill Touristen d’Jugendherberg Esch am Joer zu Esch-Fans konvertéiert, konnte si eis leider net verroden. Et sinn der awer bestëmmt vill.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom