Eisen Tipp fir de Weekend: Mam Mountainbike iwwer de roude Buedem

Eisen Tipp fir de Weekend: Mam Mountainbike iwwer de roude Buedem
L'idée du weekend, Sport

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Weekend entdecke mär de roude Buedem vum Minett mam Mountainbike. Also, zackeg op de Vëlo a lass geet et!

Eng eenzaarteg Géigend

D’Ëmgéigend vun der Stad Esch ass markéiert vun enger eenzegaarteger Topographie, déi gréisstendeels duerch d’Extraktioun vun Eisenäerz zënter méi wéi engem Joerhonnert gepräägt ass. Sou fannt Där um „Lallengerbierg“ tëscht Esch a Schëffleng eng Landschaft, déi e bëssen un de berüümte Grand Canyon erënnert mat enger fantastescher Panoramavue iwwer e groussen Deel vun der fréierer Biergbauregioun. Den Terres Rouges Bike Park ass och hei.

Villsäiteg befuerbar

Op der anerer Säit vun der Stad, sinn déi vill Weeër an de Bëscher vum Gaalgebierg a vum Ellergronn gréisstendeels gepräägt vu Schluchten an Däller, déi duerch den Zesummebroch vun den ënnerierdesche Minnen entstane sinn. Esou fënnt een hei eng eenzegaarteg Landschaft, déi besonnesch um Mountainbike richteg Spaass mécht. Iwwer „Stock und Stein“ kann een hei voll an d’Pedallen haen. Besonnesch d’Red Rock Mountainbike Trails, déi hei duerch d’Regioun féieren, sinn en absoluten Highlight.

Sécher ënnerwee

Bei dem ganze Spaass, däerf een natierlech d’Sécherheet net vergiessen. Dofir sollt een sech virdrun och richteg ausrüsten a sech iwwer déi verschidde Weeër informéieren. Besonnesch well dës an der Schwieregkeet staark variéieren. Dofir kann ee sech op verschiddenen Onlinesitte fir Mountainbiker, op de soziale Medien, bei lokale Veräiner a virun allem bei Visit Minett informéieren.

Aner Attraktiounen

Dertëschent sollt een natierlech net vergiessen eng Paus anzeleeën. Besonnesch bei héijen Temperaturen ass et wichteg eppes ze drénken. Dat kann een dann zum Beispill am Ellergronn, beim Projet „Heure Bleue, 2022“ maachen oder natierlech an der Brasserie Schmëdd op der Terrass. Och um Gaalgebierg ginn et flott Plaze fir eng Paus ze maachen, wéi zum Beispill den Déierepark oder d’Camping‘s Stuff.

Et gëtt also fir Mountainbiker a Vëlosfrënn kee Grond sech net emol op de Wee op Esch ze maachen, fir op de Red Rock Mountainbike Trails esou richteg d’Pedallen ze rocken.

Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

 

Fotoen: ©Pulsa Pictures ORT SUD

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom