En Owend am Kino zu Esch

En Owend am Kino zu Esch
L'idée du weekend, Culture

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Fir Film a Kinofans, ginn et der direkt zwee: de Kinosch an der Kulturfabrik an de Kinepolis zu Esch-Belval. Wien sech also gäre vun der Magie vum „silver screen“ wëll matrappe loossen, elo wou d’Wieder méi wanterlech gëtt, fënnt zu Esch definitiv säi Gléck.

„The Kinosch Redemption“

Fir an engem klengen, intime Kader Filmer ze genéissen, ass de Kinosch déi richteg Plaz. Do wou an der Zäit den Heizraum vum Schluechthaus war, fënnt een elo eng Leinwand a Plaz fir 72 Gäscht. Lëtzebuergesch Filmer an Dokumentatiounen, verluere Klassiker a beléifte Kultfilmer stinn hei all zweete Mëttwoch um Programm. Et ass also nëmme bedéngt en Tipp fir de Weekend, mee et ass schliisslech de Gedanken deen zielt.

De ganze Programm fir de Rescht vum Joer fënnt een elo schonn online.

„The Big Belvalski“

Am Shopping-Zenter Belval Plaza, fënnt een de Kinepolis Belval. Als Deel vun der grousser internationaler Kinepolis Chaîne, fënnt een hei alles wat de moderne Kino ausmécht: spektakulär Filmer op grousser Leinwand, perfekten Toun aus allen Himmelsrichtungen, bequeem Plaz fir maximal 537 Leit (Sall 1) an natierlech e grousse Choix u Snacks a Gedrénks.

Déi neiste Filmer aus aller Welt awer och emol deen een oder anere Klassiker, eng live Oper oder aner speziell Evenementer suergen hei fir Ënnerhalung fir all Goût.

„Oh Ariston, where art thou?“

Wie scho laang net méi zu Esch ënnerwee war, ass elo vläicht iwwerascht dass de Kultkino  Ariston an dëser Lëscht net vertrueden ass.  Den Ariston ass haut nämmlech kee Liichtspillhaus méi, mee huet en zweet Liewe fonnt. D’Gebai, wat säit 2019 als nationaalt Kulturierwe klasséiert ass, ass nämlech elo fest an der Hand vum Escher Theater. Méi genau, sinn et déi Jonk déi hei an Zukunft op der Jugendbün hirer Kreativitéit fräie Laf loosse kënnen.

Méi dozou awer an Zukunft natierlech um Escher Blog.

„Once upon a time in Esch“

Esch, mat sengen zwee Kinoen déi sech an hirer Offer perfekt ergänzen, huet fir d’Kinosfrënn also vill ze bidden. Wie sech et also deemnächst wëll bei engem flotte Film gemittlech maachen, elo wou d’Wieder e bësse méi naass a gro gëtt, fënnt zu Esch sécherlech déi richteg Leinwand.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom