Den Escher Krëschtmoart – Festlech Stëmmung am Häerz vun Esch

Den Escher Krëschtmoart – Festlech Stëmmung am Häerz vun Esch
Découvrir, Shopping

Wéi all Joer lued den Escher Krëchtmoart säit leschter Woch erëm an op e klenge Patt, e gudde Maufel a ganz vill festlech Stëmmung. Tëschent de sëllege Stänn, der flotter Beliichtung an der schéiner Dekoratioun, kann een och dëst Joer erëm e bëssen Zäit mat Kolleegen, Famill a Frënn verbréngen.

Nei um Start

Nei dëst Joer ass virun allem déi grouss Glüwäin Pyramid, déi sech „Grande Pyramide de Lux“ nennt. Dës Pyramid ass frësch aus der Fabrick a fonkelnei an 20 Meter héich. Domat ass et déi gréisste Pyramid am Grand-Duché an eng vun de fënnef gréissten an Europa. Bedreiwer ass d’Famill Roos vun Düren aus Däitschland, déi säit Joren op ville Krëschtmäert vertrueden ass. Niewebäi fënnt een natierlech alles dat wat op engem Krëschtmoart net dierf feelen, a bei Grouss a Kleng fir Freed suergt.

Organisatioun

Ganz um Ufank vum Escher Krëschtmoart gouf dëse vum Escher Geschäftsverband organiséiert. Spéider dunn huet de Syndicat d’Initiatives d’Esch-sur-Alzette dëst iwwerholl. Dëst Joer ass et fir d’éischt dass den „Département des Affaires Economiques – Gestion Evenementielle” vun der Escher Gemeng d’Organisatioun assuréiert huet.

All Joer erëm

Den Escher Krëschtmoart ass eng Escher Traditioun déi ëmmer erëm fir Begeeschterung a Freed suergt a bei dengem engen oder aneren och fir déi éischt festlech Stëmmung vum Joer suergt. Gutt Laun, waarm Glieser, lecker Wuppen, Spiller, Stänn mat flotte Produiten an alles wat ee sech fir e Krëschtmoart wënscht, suergt hei fir gutt Laun – och wann d’Wieder emol net esou matspillt. E klengen „Avant-Goût“ dozou kritt Där hei an eisem Video.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom