Meet@Esch, wat ass dat dann?

Meet@Esch, wat ass dat dann?
Drei Fragen an...

Den Escher Blog: Salut Claire, wat war da virun e puer Deeg am fréiere Gebai vum H&M an der Uelzechtstrooss lass?

Claire: Hallo Escher Blog! Majo den Département des affaires économiques vun der Stad Esch hat op den éischte Meet@Esch Event agelueden. Et ware bal 100 Leit do, déi sech dofir interesséiert hunn. Dorënner och zum Beispill de Buergermeeschter, Georges Mischo, de CEO vu GeoConsulting-UpCity, de François Honoré, d’Presidentin vun der Confédération de Commerce a CEO vun de Boulangeries Fischer, d’Carole Muller, de Schäffe responsabel fir d’ekonomesch Entwécklung vun der Stad Esch, de Pim Knaff, an nach vill anerer.

Den Escher Blog: Aha! An ëm wat geet e dann do?

Claire: Majo d’Iddi ass fir Proprietäre vu lokale Geschäfter, Franchiseuren a Franchiséën, sou wéi och Besëtzer vu Gebaier am Stadkär zesummenzebréngen. Et ass also och eng Aart „Meet and Greet“ wou si kënne Kontakter knäppen a sech zesumme Gedanke maachen, wéi een d’Uelzechtstrooss nach méi attraktiv ka maachen. Duerch den Austausch sollen zum Beispill frësch Iddien entstoen an nei Collaboratiounen ugereegt ginn.

Den Escher Blog: Interessant. Dat heescht si hunn de ganzen Dag ennertenee geschwat?

Claire: Nee, net nëmmen. Et goufen och Virträg gehalen, zum Beispill vum Cinzia Derosa, wat dräi verschidde Franchisen zu Esch bedreift a seng Erfarunge gedeelt huet, oder den Dylan Baras vun UpCity deen iwwer verschidden Opportunitéite fir de Commerce geschwat huet. Ausserdeem gouf et eng Table Ronde mat Fro an Äntwert zesumme mam Christian Bettendorff, dem Chef vum Département des affaires économiques vun der Stad Esch. Um Schluss goung et dunn zesummen eemol duerch déi längste Foussgängerstrooss vum Land op eng Visitt vum Escher Krëschtmoart .

Den Escher Blog: Merci Claire!

Claire: Gär geschitt, Escher Blog!

Fotoen: ©Ville d’Esch (Emile Hengen)

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom