FR_A_RT – Fraen an der Konscht

FR_A_RT – Fraen an der Konscht
L'idée du weekend

14.03.2023 – 25.03.2023

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dëse Weekend (oder an der Woch) maache mär eis op de Wee an d’Jugendherberg zu Esch fir d’Ausstellung FR_A_RT ze entdecken.

Representéiert

FR_A_RT ass entstane fir d’Representatioun vun de Fraen an der Konschtwelt an d’Liicht ze réckelen. Frae gëllen nach ëmmer ënnerrepresentéiert an der Konscht souwéi an der ëffentlecher Perceptioun. Fir dësem Desequiliber entgéint ze wierken, presentéiert FR_A_RT eng Serie vu Portraite vu Kënschtlerinnen déi e Lien mat Lëtzebuerg hunn. FR_A_RT hieft esou d’Diversitéit vun der Konschtwelt ervir an erlaabt et de Visiteuren déi vill Fraen aus der Konschtwelt ze entdecken.

Foto an Text

Vum 14. Mäerz bis de 25. Mäerz kann een dës Ausstellung an der Jugendherberg zu Esch entdecken. D’Fotoe si vum Anouk Flesch an d’Texter si vum Claire Faber. All Portrait gëtt och vun engem QR-Code begleet deen ee scanne kann. Sou gëtt all Kënschtlerin virgestallt an et kann een eng Rei Detailer iwwer si gewuer ginn. Insgesamt sinn et 52 Portraiten, déi och am Tageblatt publizéiert ginn, vun deenen eng Selektioun vu Kënschtlerinnen aus dem Süden elo hei virgestallt gëtt.

Wéini a wou?

Nach bis de 25. Mäerz kann een d’Ausstellung all Dag an der Jugendherberg zu Esch kucke goen. Maacht Iech also op de Wee a vläicht entdeckt der jo déi eng oder aner Kënschtlerin, déi och schonn um Escher Blog ënnerwee war.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom