100 Meter Pizza zu Esch

100 Meter Pizza zu Esch
Gastronomie, Découvrir

De 17. Juni 2023 huet d’Cloud Factory zu Esch op e ganze speziellen Event an der Uelzechtstrooss agelueden. Hei hunn si nämlech déi längste Pizza vu Lëtzebuerg gebak, mat ongeféier honnert Meter.

E volle Succès

An der Cloud Factory kritt ee scho säit méi laangem eng Pizza vun engem Meter. Dës ass besonnesch bei méi grousse Gruppe ganz beléift, besonnesch well een och verschidde Beleeg auswiele kann, déi dann op dee Meter verdeelt ginn. Fir hire Rekord Versuch, hu si am Laf vum Samschdeg Moien 100 esou Pizzaen a Rekordzäit gebak an unenee gereit. Elo wäert deen een oder anere soen, dat wier gefuddelt, mee déi Hellewull vu Leit an der Uelzechtstrooss huet sech dorunner net gestéiert.

En neie Rekord

Am Schnëtt huet d’Cloud Factory et fäerdeg bruecht all dräi Minutten ee Meter vun hirer genësserlecher Pizza fäerdeg ze kréien. Pünktlech a wéi ugekënnegt um hallwer 1, hu sech dunn nach méi Leit afonnt fir e gratis Stéck Pizza ofzegräifen. Grouss a Kleng hunn dobäi net schlecht gestaunt a sech de „wollekege Genoss aus der Uelzechtstrooss“ net entgoe gelooss. Wien net dobäi konnt sinn, dee ka sech hei drënner eise klengen Aftermovie ukucken. Et ass op allefalls derwäert.

Den Escher Blog freet sech schonn drop, wat d’Cloud Factory sech an Zukunft nach esou afale léisst.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom