D’Camping’s Stuff um Gaalgebierg gëtt säit 2017 vum CIGL Esch bedriwwen. Am Summer ass de Restaurant eng beléifte Plaz fir der Hektik an der Hëtzt vum Stadzentrum ze entkommen an e puer roueg Momenter am Gréngen ze verbréngen. De Max Schmit ass Coordinateur vun der Camping’s Stuff an huet mam Escher Blog iwwert déi rezent Entwécklungen an hir Pläng fir d’Zukunft geschwat.
Den Escher Blog: Wat ass d'Camping’s Stuff?
Max Schmit: D’Campings Stuff ass e klenge Restaurant um Gaalgebierg, net wäit vum Stadzentrum, bësse mei héich am Gréngen. Am Géigesaz zu klassesche Restaurante bidde mär net nëmme selwer preparéiert Platen un, mee mär ënnerstëtzen och de soziale Volet vun der berufflecher Reintegratioun.
Den Escher Blog: Wéi huet d'Camping’s Stuff sech an de leschte Joren entwéckelt? Gëtt et eppes Neies?
Max Schmit: Mär sinn ëmmer méi gefrot a konnten eis vun enger einfacher Buvette hin zu engem Restaurant mat enger diverser Ekipp entwéckelen. Mär kréien ëmmer méi Ufroe fir u lokalen Aktivitéiten a Veranstaltungen deelzehuelen, hunn eng trei Clientèle entwéckelt a bidden Themenowender iwwert Joer un. Et huet sech also schonn eppes gedoen an deene leschte Joren.
Den Escher Blog: Gëtt et eppes wat Iech iwwerrascht huet an de leschte Joren?
Max Schmit: Vill Saachen. Um Gaalgebierg ass et eisen direkten Noper, den Déierepark mat senge Bamhaiser. Deen huet sech flott entwéckelt an dréit e groussen Deel zur Attraktivitéit vum Bierg bäi. Natierlech ass et och d’Gréisst an d’Organisatioun vun de Francofolies, déi ëmmer méi impressionant ginn. Fir eis bedeit dat och, dass méi Festivalgänger op de Camping an deemno och bei eis kommen.
Den Escher Blog: Ginn et speziell Pläng fir d’Zukunft vum der Camping’s Stuff?
Max Schmit: Aktuell plange mär eng flott Summersaison mat eiser Terrasse. Mär relancéiere verschiddene Traditioune, wéi zum Beispill Concerte vun der Harmonie Municipale um Weekend virum Picadilly (den 8. August), oder eis gemittlech Mullenowender am spéide Summer. Weider Investitiounen si geplangt, fir eisem Personal an eise Clienten déi bescht Déngschtleeschtungen ze bidden.
Den Escher Blog: Wat ass eng vun Äre Liblingsplazen zu Esch a firwat?
Max Schmit: De Quartier Metzeschmelz, en Zäitzeie vun der Eisenindustrie zu Esch, den sech elo zu engem neie Liewensraum ëmwandelt mat Integratioun vun ënnerschiddlechen Aspekter wéi dem Ferroforum oder ökologesch Iddien déi no zu eise Valeure stinn.
Den Escher Blog: Wann Dir engem Commerçant zu Esch kéint en Tipp ginn, wat wier dat?
Max Schmit: Och wann et schwéier Zäite sinn, soe mär Merci, dass d’Stad Esch attraktiv a lieweg bléift. Touristen, déi bei eis kommen, fannen Esch flott. Als Tipp géife mär hinne roden, net ze zécken, eis ze kontaktéieren, falls si eng Iddi fir eng flott Collaboratioun hunn oder wann si no Personal sichen. Do hëllefe mär gär weider.
Den Escher Blog: Beschreift Esch an 3 Wieder.
Max Schmit: Variéiert, komplett, a voller Entwécklung.