Summer zu Esch – Ofkillung op enger Terrass

Summer zu Esch – Ofkillung op enger Terrass
Gastronomie

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. A wat passt besser bei de Summer wéi e kaalt Gedrénks op enger flotter Terrass. Dovu ginn et der zu Esch eng ganz Rei an dat queesch verdeelt duerch all d’Quartiere vun der Stad. Den Escher Blog stellt Iech an deenen nächste Wochen e puer dovunner vir.

Escher Quartieren

Net weit vum Parc Laval fënnt een den Escher Kafé. Hei gëtt d’Wuert Communautéit grouss geschriwwen a bei animéierte Gespréicher léiert ee séier nei Leit kennen. Si organiséieren och ëmmer erëm verschidden Eventer déi fir lëschteg Owender suergen.

Och zu Esch-Belval fënnt een eng ganz Rei flott Plaze fir am Summer eppes ze drénken. Eng dovunner ass de Monuments Café. Tëscht Uni an Héichiewe kann een hei nom Shopping Tour eppes drénken a relaxéieren.

Aussergeweinlech Plazen

Matten am Déierepark läit de Baumhauscafé, eng flott Plaz fir Famille mat Kanner, déi no engem Tour duerch de Park an enger besonnescher Ambiance eppes drénken an dem Klang vun den Déieren an der Natur nolauschtere wëllen.

D’Kufa invitéiert am Summer op d’Kufa Summerbar am Ratelach. Nieft enger origineller Location a coolen Drinks organiséieren si ab dem 23. August all Freiden en DJ Set fir d’Woch esou an enger relaxer Atmosphäre auskléngen ze loossen.

An der Uelzechtstrooss

Och am Escher Zentrum ginn et vill Terrassen, déi sech iwwert de Summer eppes afale gelooss hunn. Am Columbus Café, direkt vis-à-vis vun der Gemeng, kënnt Där Kaffispezialitéiten aus aller Welt an natierlech hiren eegene Barista Blend genéissen.

Um aneren Enn vun der Uelzechtstrooss, kuerz virum Theater, invitéiert de Café CasaBlanca op seng Terrass.  E Klassiker wou een de Leit beim Shoppen nokucken an d’Atmosphäre vun der Uelzechtstrooss asauge kann.

Et ginn natierlech nach vill weider Terrassen. Vill Restauranten a Caféë fannt Där elo schonn um Blog, an eiser Rubrik Gastronomie.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom