D’Uelzechtstrooss kënnt a Schwong

D’Uelzechtstrooss kënnt a Schwong
Découvrir

D’Uelzechtstrooss, oder Rue de l’Alzette, ass net nëmmen eng Vitrinn fir d’Stad Esch, mee och eng vun den beléiftesten Akaafsstroossen am ganze Land. Als längste Foussgängerstrooss zitt si nees ëmmer méi Leit un, fir ze shoppen, e gemittleche Patt op enger Terrass z’iessen oder ze drénken, oder einfach just ze spadséieren. Als wichtegen Deel vun der Revitaliséierung vum Escher Zentrum, steet elo eng „Renovatioun“ un, déi neie Schwong an d’Uelzechtstrooss brénge soll.

Schrëtt fir Schrëtt

Schonn an de Joren 2018/2019 goufen déi éischt Moossnamen heivir an d’Weeër geleet, an eng Biergerbedeelegung organiséiert. Op den hei gesammelte Feedback hin, sinn déi éischt Schrëtter ageleet ginn: D’Infofabrik an de Pop-Up Store sinn entstanen, de Projet Claire gouf an d’Liewe geruff fir déi eidel Plazen ze managen, eng Anti-Littering Campagne gouf op d’Bee gestallt an eng zousätzlech, ëffentlech Toilette gouf installéiert.

Dozou koum e moderne Sëtzmobiliar, e bësse Gréngs an den autonome Schuttle-Bus Uelzecht-Mobil deen an der Uelzechtstrooss konstant seng Ronnen dréint.

E Concours fir d’Uelzechtstrooss

Nodeems de Brill an d’Stroosse ronderëm no an no erneiert goufen ass et deemnächst un der Uelzechtstrooss fir en neien, moderne Look an eng entspriechend Funktionalitéit ze kréien. Am Kader vun engem Concours hu fënnef Architekte-Büroen jeeweils e Konzept ausgeschafft, déi enger Jury virgeluecht goufen. Dës Jury huet op anonymmer Basis dunn e Ranking erstallt an de Gewënner erausgesicht.

Zur Freed vun alle Bedeelegten huet e Büro vun Esch selwer gewonnen: „Papaya urbanistes & architectes paysagistes“, déi sech fir dëse Projet mat „Chorablau Landschaftsarchitektur“ vun Hannover zesummegedoen hunn.

Wichteg Konditiounen

Fir dëse Concours ze gewannen, huet dat proposéiert Konzept misse vill Critère respektéieren. Bauerfarung zu Lëtzebuerg an eng Presenz op der Plaz wärend der Bauphas waren de Responsabele ganz wichteg. Fir d’Konzept selwer ware ganz vill Elementer ze berécksiichtegen, ënner anerem: d’Verkéierssituatioun, Accessibilitéit fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit, d’Integratioun vun de Maste vum Peter Rice, Mülltrennung, a virun allem soll d’Uelzechtstrooss an Zukunft e vollwäertegen Openthaltsraum fir d’Bierger sinn.

Zudem sollt gläichzäiteg déi komplett ënnerierdesch Infrastruktur (Stroum, Waasser, etc.) moderniséiert ginn.

Eng Aarbecht an Etappen

De Projet deen ausgewielt gouf, huet all déi Faktore berécksiichtegt an der Jury am beschte gefall: „Die Jury lobte insbesondere die hohe Alltagstauglichkeit und die atmosphärischen Qualitäten des Entwurfs“. Sou ass deemno en éischte Schrëtt gepackt fir dass d’Uelzechtstrooss en neit, modernt Gesiicht kritt. Bis et mat den Aarbechte lassgeet, ginn awer nach Upassunge gemaach, de Projet gëtt am Gemengerot gestëmmt an da gëtt en natierlech nach ausgeschriwwen. Mëtt bis Enn 2024 soll et dann esou wäit sinn, dass déi éischt Schëpp an d’Hand geholl gëtt.

D’Oder vun Esch

Fir d’Awunner an d’Commercen an der Uelzechtstrooss ze schoune gouf sech och fir de Chantier e speziellt Konzept ausgeduecht. D’Aarbechte ginn hei an an Abschnitter opgedeelt, sou dass all Kéiers just op enger Längt vu 75-85 Meter geschafft gëtt, an dëst just op enger Säit vun der Uelzechtstrooss. Sou sollt all Abschnitt, just ongeféier 50 respektiv 100 Deeg daueren.

D’Belaaschtung fir jidderee ronderëm gëtt doduerch minimiséiert a wann d’Aarbechte bis fäerdeg sinn, da profitéiert jiddereen ëmsou méi vun enger moderner, zukunftstauglecher Uelzechtstrooss déi mat vill Schwong zu engem echte Liewens- an Openthaltsraum fir d’Escher gëtt.

Biller: ©Papaya_ChoraBlau

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom