Pop-Up Esch – Ee Joer am Réckbléck

Pop-Up Esch – Ee Joer am Réckbléck
Shopping

De Pop-up Esch gëtt et säit iwwert engem Joer. Hei kënne bis zu siwe Commerçante gläichzäiteg hir Wuere presentéieren a verkafen. Säit Oktober 2021, ass et dem Andrea Deidda seng Aufgab dofir ze suergen, dass dës Surfacen ëmmer mat interessante Produiten gefëllt sinn.

Vill Verschiddenes entdecken

Fir dass ee kann am Pop-Up Esch eng Surface kréien, ginn et awer e puer Krittären déi een erfëlle muss. „Zum Beispill muss ee schonn als Commerce bestoen, also zum Beispill eng TVA Nummer hunn, asw“, erkläert den Andrea. Et kann een also net just mat enger Iddi kommen, mee et brauch ee schonn eppes Handfestes fir auszestellen an unzebidden. Vun der Lokalitéit hier, sinn awer keng Restriktioune gesat. „Et kann ee vun iwwerall kommen. Et muss ee net vun Esch oder aus dem Süde sinn. En Deel vun der Iddi ass och fir Commerçanten eng Chance ginn zu Esch hir Offer ze testen, an domat zur Attraktivitéit vun eiser Stad bäizedroen.“

Et geet awer net just drëms Produiten ze verkafen. De Pop-Up Esch huet véier ganz kloer definéiert Voleten: Shop, Services, Food an Expo. Sou kann een zum Beispill och eng Ausstellung organiséieren oder Iesswuere verkafen. A sengem éischte Joer, huet de Pop-Up och schonn 63 verschidden Entreprisen zu Gaascht gehat. „Do waren déi verschiddenst Saachen dobäi a vill dovunner ware ganz flott.“ An de leschte Méint wou den Andrea fir d‘Organisatioun vum Pop-Up suergt, huet him virun allem „Baby Artchibald“ gefall. „Déi haten e wonnerbare Stand mat Kleeder an Accessoire fir Kanner. Do si Leit souguer vu ganz wäit komm, fir bei hinnen anzekafen.“

Zwou grouss Success Stories

Och soss, hu virun allem zwou Success Stories dat éischt Joer vum Pop-Up gepräägt. De Sneak-In zum Beispill konnt hirt Konzept am Pop-Up testen. Dat war fir si besonnesch wichteg well et hir Iddi esou nach net zu Lëtzebuerg ginn ass. An Tëschenzäit hu si hiert Geschäft an der Uelzechtstrooss opgemaach, wou si rar Turnschong a personaliséiert Schong ubidden. Ausserdeem ass niewendrun nach en Tattoo Studio an de nämmlechte Raimlechkeeten. Vun Originalitéit ass dëst also kaum ze iwwerbidden.

An da gëtt et natierlech nach de Saladany. Och si konnten hiert Konzept fir d’éischt am Pop-Up ënner Beweis stellen, well si virdrun just per Internet hir Produite verkaf hunn. Saladany fënnt een hautdesdaags och an der Uelzechtstrooss, wou si hir Miwwelen, Konschtwierker an Dekoratiounen aus Afrika ubidden. Net nëmme sinn dës wonnerschéin, mee se sinn och nach all per Hand gemaach an d’Sara an de Serge vu Saladany kënne sou munches iwwert d’Kënschtler, Schräiner a Blechschléier zielen, där hir Wierker si ubidden.

E weidere Bonus ass „Den 120“, eng Aart Makers-Store, deen eng Declinaisoun vum Pop-Up ass. Hei kënne bis zu fënnef kreativ Kënschtler hir Saachen ausstellen, verkafen a gläichzäiteg en Abléck an hier Aarbecht ginn.

E Cadeau fir Chrëschtdag ?

Och fir d’Zukunft kann een also gespaant sinn, wat de Pop-Up Esch alles unzebidden huet. Um offizielle Site fënnt een ëmmer all d‘Informatiounen zu den aktuellen Aussteller. Eng Beräicherung fir d’Stad Esch ass de Pop-up op allefalls, a wie weess, vläicht fënnt jo nach deen een oder anere vun Iech do säi Chrëschtcadeau.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom