Les favoris de… Georges Mischo!

Les favoris de… Georges Mischo!
Découvrir

Zanter Enn 2017 ass de Georges Mischo Buergermeeschter vun Esch, wou hie gebuer an opgewuess ass. Als „Escher Jong“ kennt hie bal all Eck vu senger Stad an huet eis verschidde vu senge Liblingsplaze verroden.

Fir z’iessen huet hie méi Plaze wou hie gären higeet. „Dat hänkt vun der Geleeënheet of,“ erkläert de Georges Mischo. „An der Mëttesstonn ginn ech gären an d’Kufa, bei den Il Belvedere oder och nach an de Club 5. Owes ginn ech ganz gären an d’Maison Lefèvre, an de Beeftro oder an de Nonbe.“ Dat sinn awer net déi eenzeg Plaze wou ee gutt z’iesse kritt zu Esch. „Et ginn eng ganz Rei gutt Restauranten oder Caféen déi super plats du jour an der Mëttesstonn ubidden, wéi z.B. mäi Favorit d‘Taverne Battin.“

Fir e Patt ze huelen geet den Escher Buergermeeschter „gäre mat Kolleegen an de Pitcher e puer Pätt Béier drénken. Wann et fir ee Glas Wäin ass, da natierlech den Drupis. Virun a no engem Concert ass et haaptsächlech de Rockhalcafé.“ Mam grousse Choix den een zu Esch huet, fënnt ee fir all Occasioun eng Plaz. Feieren, kann een „an all eise Restauranten a Caféen, an der Rockhal, am Theater a natierlech bei Mätscher an der Sportshal.“

Wann et eemol drëms geet shoppen ze goen, da geet de Georges Mischo „virun allem Kleeder kafen. Do si meng Buttéker den Aktuel an den Italian Style. Mee och bei all anere Produite ginn ech wann et nëmme méiglech ass bei eis Escher Geschäftsleit! Och wann et am Online-Handel heiansdo méi bëlleg ass.“ Him ass et als Buergermeeschter natierlech duebel wichteg, déi lokal Geschäftsleit ze ënnerstëtzen.

A senger Jugend war de Georges Mischo virun allem a ville Sportsveräiner aktiv. Hautdesdaags geet hie gäre lafen, virun allem „um Gaalgebierg, wou een och gutt Mountainbike fuere kann, oder queesch duerch Esch, wou ech all Kéier nei Saachen entdecken.“ Fir ze entspanen, genéisst hien och gären d’Natur ronderëm Esch, „um Gaalgebierg, natierlech am Ellergronn oder am Naturschutzgebitt um Lallengerbierg“.

Fir de Georges Mischo ginn et vill schéi Plazen zu Esch, egal wat ee grad brauch oder wëlles huet. Hie kann sech et och net virstelle jeemools anzwousch anescht ze wunnen oder ze liewen. „Esch ass a bleift meng Heemecht. Hei fillen ech mech immens wuel a no 46 Joer wëll ech hei och ni méi fort.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom