Wanderwee Natura 2000 – D’Planzen am Äerzbaugebitt

Wanderwee Natura 2000 – D’Planzen am Äerzbaugebitt
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Nodeems mär eis schonn déi zwou éischt Bouclen vum Wanderwee Natura 2000 ugekuckt hunn, maache mär eis haut op de Wee fir déi drëtt a lescht Boucle ze entdecken. Dëse méi kuerzen Tour dréit sech ëm d‘Thema vun der „planzlecher Nofolleg an engem fréieren Äerzbaugebitt“.

E gudde Start

Lass geet et hei beim Déierenasyl vum Déiereschutzveräin Esch am Burggronn. Als éischt entdeckt een hei direkt e Pad, deen duerch den äerzhaltege Buedem geschloe ginn ass. Dëst ass eng gutt Geleeënheet sech dëse spezielle Buedem unzekucken a fir Geologen sécherlech en Highlight ganz am Ufank vum Wee. Och e bësse méi spéit gesäit een op dësem Wee eng Ofbaufront, wou een déi iewescht Schichte vum Buedem kann inspizéieren. D’Natura 2000 Broschür gëtt heizou och eng ganz Rei flott Explikatiounen.

Vill Ofwiesslung

Och soss ginn et vill verschidde Saachen op der Boucle C ze entdecken. Den Déierenasyl ass natierlech fir Déierefrënn interessant, déi eventuell en Hond wëlle mat op de Wanderwee huelen. E bësse méi wäit geet et laanscht de Stand vum Bouschéisser Veräin wou een hinnen, mat e bësse Chance, ka bei hirem Hobby nokucken. Déi panoramesch Vue um „Eelendege Bierg“ wou ee bis op den Zolwerknapp gesäit ass och ëmmer schéin, besonnesch am Hierscht, an déi fréier Streck vum interkommunalen Tram kann een och entdecken. D’Vue op de Buergronn sollt een natierlech och net verpassen.

Natur pur

Fir naturbegeeschtert Wanderer ass dësen Deel vum didaktesche Wanderwee Natura 2000 besonnesch spannend: de Mooss dee sech iwwer d’Steng vun der fréierer Minett geluecht huet, déi villfälteg Planzen déi laanscht de Bulldozerwee wuessen, déi deelweis ural Beem déi nach hei stinn an d’Zäite vum Biergbau iwwerlieft hunn an déi besonnesch Beschafenheet vum Haedefeldchen. Wie Chance huet begéint vläicht och d’Awunner vun dëser Regioun wéi zum Beispill d’Pimpampelen an d’Raupen, verschidden Insekten oder esouguer eng „Blindschleiche“.

Informatiounen

Dësen Tour ass dee kierzten vun den Natura 2000 Wanderweeër, mat insgesamt 2,5km. Heivir brauch een ongeféier eng bis annerhallef Stonn, jee nodeem wéi laang ee sech Zäit léist fir déi verschidden Elementer ënnerwee ze beobachten. Gutt Schong sollt een allerdéngs undoen, besonnesch am Hierscht oder wann et viru kuerzem gereent huet. Wie sech ouni Guide wëll op dësen Tour woen, fënnt online oder an der Infofabrik déi néideg Informatiounen. En detailléierte PDF-Fichier, deen een ënnerwee um Handy kann kucken, gëtt och eng ganz Rei Erklärungen zum Wee an der Natur ronderëm.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom