Summer zu Esch – Eng Terrass fir dran ze bäissen
Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. De Summer genéisst ee bekanntlech gutt op enger Terrass, entweder fir eppes ze drénken oder och emol fir e Maufel z’iessen. Vun de ville flotten Terrassen zu Esch wou ee gutt kann iessen, stelle mär Iech der e puer vir.
Lokal genéissen
An der Uelzechtstrooss fënnt een de Kaf Lokal, wou ee Produiten a Platen aus lokaler Produktioun kann entdecken. Op hirer klenger, gemittlecher Terrass kann een an aller Rou déi verschidde Plate genéissen an dobäi der Geschäftegkeet an der Uelzechtstrooss nokucken – eng super Kombinatioun.
Net wäit vum Kaf Lokal, ass och de Restaurant Les Frères, eng bekannten Adress an der Uelzechtstrooss. Den David an den Dylan Nissan proposéieren hei eng Kiche wéi si se aus hirer Heemecht kennen. Bei hinnen op der Terrass kann een deemno traditionell, authentesch irakesch Platen entdecken, wéi et se soss néierens am Land gëtt.
Traditionell a modern
Direkt bei der Kufa verwinnt d’Brasserie K116 seng Clientèle mat enger klassescher Brasserie’s Kichen, dëst mat engem modernen Twist. Op der Terrass déi 2022 komplett nei amenagéiert gouf, schmaachen hir Spezialitéiten, Suggestiounen an déi schéi Selektioun u Wäiner extra gutt – dat och no engem Besuch an der Kufa Summer Bar, just niewendrun.
De Resto-Bistro Club 5 am Park, huet wéi den Numm et scho seet, eng perfekt Lag beim Lavals Park an der Escher Schwemm. No engem Besuch an der Schwemm oder der Spillplaz, sinn hei besonnesch hir onvergläichlech Carpaccio Spezialitéiten e Besuch wäert.
D’Säite vun Esch
Speziell fir de Summer ass och e Besuch am YogoMix eng Visitt derwäert. Besonnesch d’Amateure vu Glacen an natierlech dem Frozen Yoghurt kommen hei op hir Käschten. Op hirer Terrass an der Brillstrooss kann een sech hei déi néideg Ofkillung gënnen, besonnesch wann d’Sonn e bëssen dréckt. Alternativ, stinn hei och Gaufren, Crêpen an esouguer Bubble Waffles op der Kaart.
Wien nach weider exquisit Platen an eng schéin Terrass sicht, deen ass am Bosque FeVi op der richteger Plaz. De Fernando Andreu, dee schonn e puer mol fir seng Kichen am Bosque FeVi e Präis krut, zerwéiert hei gastronomesch Konschtwierker mat engem mediterrane Flair. Speziell fir d’Saison ugepasst, ass de Menü Dégustation Festival d’été hei den Highlight, an deem sech déi ganz Passioun vun der Kichenekipp erëmspigelt. Bei guddem Wieder op der Terrass mëtten um Gaalgebierg – wat e Genoss!
Egal ob dir Iech elo fir eng vun dëse Suggestiounen entscheet oder fir eng aner, zu Esch fannt Dir eng Terrass fir all Goût. Luusst eng Kéier an d’Rubrik Gastronomie a sicht Iech Är nächst Destinatioun eraus!