TC Esch – Eng Tennisfamill mat internationalem Ruff

TC Esch – Eng Tennisfamill mat internationalem Ruff
Sport

Den Tennis Club Esch gëtt et scho säit 1906. Deemools hu sech eng Rei Escher Veräiner zesummegedoe fir verschidde Sportaarten auszeüben. Dëst war d’FOLA (Football and Lawn Tennis), aus där 1934 dunn den TC Esch entstanen ass. De Carlo Poos, deen haut Präsident vum TC Esch ass, ass houfereg op dem Veräin seng laang Geschicht.

Eng konstant Evolutioun

„Virun 1934 huet den TC Esch am Claire Chêne op deem Terrain gespillt, an deem Park an deem viru Kuerzem nach eng Nuit de la Culture stattfonnt huet. Wéi si dunn 1934 an de Lavalspark geplënnert sinn, waren et schonn zwee Terrainen. 1950 ass de Veräi schliisslech op de Gaalgebierg komm, wou fënnef Terraine gebaut gi sinn“, erkläert de Carlo. D’Begeeschterung fir de Sport a seng Geschicht héiert een him un, och wann hien ni professionell gespillt huet. „Ech hu vu klengem un ëmmer Tennis gespillt. Ech hu mech awer iergendwann missen fir mäi Medezinstudium decidéieren“, erzielt hien. Bereit huet hien dëse Choix awer ni.

 

Je suis au club depuis 17 ans. C’est le club de mes débuts comme entraineur et le club sera toujours dans mon cœur. Nous avons plein de beaux projets que j’ai hâte de les voir évoluer.

Alexandre Eischen

En neie Start

Iwwer d’Joren huet den TC Esch och nach weider Meilesteen erreecht. 1946 war en zum Beispill Grënnungsmember vun der Tennis Federatioun, an 1950 wéi déi nei Terraine gebaut goufen, krut den TC Esch och Büroe wärend niewent dem Terrain e Restaurant gebaut gouf, deen et och haut nach gëtt. Do verwinnt hautdesdaags de Franco Tiese am „Il Belvedere“ seng Clientèle mat deem Beschte wat d’italienesch Kichen hiergëtt. „Och bei eisen Evenementer ass de Franco e wichtege Partner, deen eis ëmmer zur Säit steet“, seet de Carlo.

E wichtegen Turnéier mat internationaler Bedeelegung

Den TC Esch organiséiert nämlech reegelméisseg en Turnéier, d’Südstroum Open, um Gaalgebierg, wou den „Il Belvedere“ sech natierlech ëm d’Verfleegung këmmert. D’Turnéier stécht awer och nach aus anere Grënn ervir. „Den Turnéier ass wichteg fir dass eis Jugend un esou Evenementer kann deelhuelen an och fir Punkte fir hire Ranking ze kréien. D’lescht Joer war d’Präisgeld insgesamt $15.000.“ Do hunn sech och e puer Toppspiller bei eis blécke gelooss“, erkläert de Carlo. De Feedback vum Turnéier war och op der ganzer Linn positiv, sou dass dëst Joer erëm en Tournoi stattfënnt, an zwar dës Kéier mat engem Präisgeld vun insgesamt $25.000.

Ech spillen Tennis ganz gären, well ech dat och méi spéit nach ka maachen. Wann ech grouss si géing ech och gäre Profi ginn.

Elisa Longhino

Eng grouss Bedeitung

Fir d’Memberen huet de Veräin eng grouss Bedeitung. Net nëmme kënnen si beim TC Esch mat Top Trainer hire Sport trainéieren, se fannen hei och Frëndschaften a Gläichgesënnter. Ausserdeem huet de Veräin an de leschte Jore grouss Spréng no vir gemaach. „Wéi 2015 e neie Comité gewielt gouf, hu mär decidéiert déi ganz Infrastruktur ze renovéieren. Och e Beachvolley Terrain gouf installéiert . De Succès vun eise Sportler huet och net laang op sech waarde gelooss.“ D’Zuel vun de Memberen ass an der Tëschenzäit och op 250 geklommen, wat net wéineg ass fir en Tennis Club.

An nach eng Coupe fir Esch

2015 nach an der 3. Divisioun, ass den TC Esch ganz séier an déi éischt Divisioun opgestigen. 2019/2020 waren si an der Final vun der Coupe, déi si an de Saisonen 2020/2021 an 2021/2022 gewonnen konnten. „Dat war déi éischte Kéier an der Geschicht vum Club, dass d’Coupe op Esch koum“, seet de Carlo houfereg. De Succès vum TC Esch war den éischte grousse Projet an den nächste steet geschwënn virun der Dier. Et soll nämlech eng nei, modern Tennishal op Esch-Lalleng kommen. „Dat ass e Projet dee mär zesumme mat der Federatioun organiséieren an d’Pläng gesinn och gutt aus.“

Pour moi le TC Esch signifie beaucoup. C’est le club qui m’a accueilli lorsque j’ai arrêté ma carrière. C’est le club qui m’a ouvert les bras pour faire quelque chose d‘autre. En plus c’est un projet fort et positif.

Ugo Nastasi

Eng Passioun deelen

D’Aarbecht an déi ganz Organisatioun hannert de Kulissen mécht de ganze Comité mat vill Freed. „Et ass e groussen Opwand, besonnesch fir esou en Turnéier ze organiséieren. Mee et lount sech a mécht vill Spaass“, erkläert de Carlo. Fir hien ass et och eng besonnesch Motivatioun, d’Passioun fir den Tennis mat senger Duechter ze deelen. „Famill ass wichteg, an esou kann ee méi Zäit matenee verbréngen. Dat war och eng gutt Motivatioun fir de Poste vum President unzehuelen“, schmunzelt de Carlo. Niewebäi suergt de Carlo an de ganze Comité mat hirer Aarbecht dofir, dass de Veräi fir vill Membere wéi eng zweet Famill ass.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom