Eisen Tipp fir de Weekend: Den Escher Sport feieren

Eisen Tipp fir de Weekend: Den Escher Sport feieren
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Dës Kéier ënnerstëtze mär eis Escher Sportler op der Sich no neie Rekorder.

Eng Sportstad

Esch ass bekanntlech eng Stad mat enger laanger Traditioun am Sport, besonnesch wat Teamsport ubelaangt. Och d’Supporter vu verschiddene Veräiner si bekannt dofir, dass si ëmmer fir Stëmmung suergen an hir Ekippen ufeieren. Vu Fussball bis Fechten, sinn zu Esch all méiglech Sportaarte vertrueden. Firwat also net de Weekend seng Liblingsekipp ufeieren oder emol en neie Sport (aus sécherer Distanz) entdecken?

Kinnek Fussball

A Punkto Fussball ass Esch natierlech verwinnt. Hei ginn et direkt dräi grouss an traditiounsräich Veräiner: CS Fola Esch, Jeunesse Esch an US Esch. Allen dräi Veräiner kucken op eng laang an erfollegräich Geschicht. Insgesamt kann d’Stad Esch sech mat 37 Meeschterschaften a 16 Coupe bretzen. Dat kann net jidderee vun sech behaapten. Wien also Fussballfan ass, fënnt praktesch all Weekend eng vun den dräi Ekippen déi zu Esch spillt.

Wien elo direkt op Zack ass, dee kann dëse Sonnden um 16 Auer esouguer den Escher Derby op der Grenz kucke goen!

Teamsport mat Wuppes

Natierlech dréint sech net alles ëm de Fussball am Sport. D’Stad Esch kann och houfereg op hir Ekippen an aneren Teamsportaarte sinn. Den Escher Volleyball Club suergt reegelméisseg fir gutt Stëmmung a gutt Resultater. Den Handball Esch sammelt ee Rekord nom aneren. Och de Basket Esch brauch sech net ze verstoppen, mat engem gutt gefëllte Palmarès a Supporteren déi hir Ekipp richteg feieren. Bei den Häre kämpft souwuel den Handball wéi och de Basketball den Ament erëm ëm fir e Championstitel. E Besuch lount sech also!

Vun Deegen an Turnen

Och an anere Sportaarte gëtt eppes gebueden. Fechten huet eng grouss Traditioun zu Esch a wann d’Fechter net grad op engem internationalen Tournoi sinn, da fënnt een si och gären an hirer moderner Hal am Ellergronn. Tennis, Danzen, Gymnastik, Liichtathletik an nach vill aner Veräiner sinn och ëmmer aktiv an all Sportler freet sech driwwer wann en ugefeiert gëtt. Eng komplett Lëscht vun de Veräiner fannt dir op folgendem Link: https://citylife.esch.lu/clubs/

Wie sech also fir Sport begeeschtert an eis Escher Sportler gären zu neie Rekorder motivéiert, dee fënnt sécherlech all Weekend eng Plaz wou en op seng Käschte kënnt.

 

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Fotoen: ©Ville d’Esch, ©Volleyball Esch & ©Albert Krier

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom