Pump it up! – Eng spektakulär Gîte am Ellergronn

Pump it up! – Eng spektakulär Gîte am Ellergronn
Découvrir

Fir Wanderfrënn gëtt et eng spannend Neiegkeet am Ellergronn ze entdecken. Den 13. Mee, um traditionellen “Dag an der Natur”, gouf eng Gîte mam Numm „Pump It Up“ feierlech ageweit a steet zukünftegen Entdecker vum Ellergronn ab dem 11. Juni zur Verfügung.

Deel vum Minett Trail

Eng ganz Rei vun Iwwernuechtungsméiglechkeete wäerten d’Südregioun op a sollen Touristen unzéien. Déi kënnen vun dëse Gîte profitéieren, besonnesch wann si ze Fouss um Minett Trail ënnerwee sinn, dee sech iwwer 90 Kilometer duerch de Süde vum Lëtzebuerger Land zitt. Am Ganze ginn et hei elo 11 esou Schlofplazen, déi d’Iwwernuechte mëtten an der Natur erméiglechen.

Och Wandermuffele kënnen natierlech heivu profitéieren, wann si wëllen an der Natur oder an der futuristescher Konstruktioun eng Nuecht verbréngen.

Eng spektakulär Konstruktioun

„Pump It Up“ ass awer net einfach eng Hütt mat enger Dier an e puer Better. Direkt nieft dem Naturschutzzentrum Ellergronn, net wäit vun der Schmëdd an de Musée Mine Cockerill, liicht d’Haische a senger futuristescher Form an erënnert dobäi un e Science-Fiction Film. D’Kabaischen, wéi se och nach genannt gëtt obwuel se net wéi eng Kabaischen ausgesäit, ass esouguer mobil. Si kéint also theoretesch an Zukunft och op anere Plazen ze fanne sinn.

Schlofen an nach vill méi

De Site vum „Pump It Up“ gouf och speziell amenagéiert an erwaart seng Visiteure mat enger klenger Spillplaz, enger gemittlecher Feierplaz a genuch Gréngs a Wiss ronderëm fir sech et esou richteg gemittlech ze maachen. Ganzer sechs Leit kënnen hei iwwernuechten an d’Geleeënheet notzen déi eenzegaarteg Natur vum Ellergronn ze genéissen. Déi spannend Architektur vun der Kabaische suergt dobäi fir eng extra Atmosphär.

Op Wandertour

Eng Nuecht am „Pump It Up“ léisst sech gutt mat engem vun de ville Wanderweeër an der Regioun verbannen. Nieft dem Minett Trail, kéint ee sech och virstellen eng vun den Natura 2000 Bouclen ze erfuerschen oder mam Mountain Bike op Tour duerch de roude Buedem ze goen. Eventuell ass et awer och e gemittlechen Owend an der Schmëdd, engem aneren Escher Restaurant oder e Besuch am ëmmer beléiften Déierepark deen engem méi seet.

Op allefalls sollte Familljen oder aner Gruppen net zécken dës eenzegaarteg Schlofgeleeënheet auszeprobéieren. All néideg Informatioune a Reservatiounen fënnt een online, och zu fir déi aner Kabaisecher, falls ee méi e groussen Tour plangt.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom