Ausgezeechenten Tourismus zu Esch!

Ausgezeechenten Tourismus zu Esch!
Découvrir

Viru kuerzem goufen op en Neits d’Luxembourg Tourism Awards a Presenz vum Tourismusminister Lex Delles an der Kulturministesch Sam Tamson verdeelt. D’Generaldirektioun fir Tourismus honoréiert hei verschidden Acteuren aus dem Secteur fir hir Verdéngschter. Esch kann dann och houfereg dorop sinn dëst Joer erëm zwee Präisser mat Heem ze huelen.

Ökotourismus

An der Kategorie Ökotourimus huet de BENU Village déi éischt Plaz beluecht. Als éischt Ökoduerf an der Groussregioun, fënnt een hei zum Beispill de BENU SLOOW, e Restaurant deen exklusiv mat „rescued food“ schafft, en Hotelszëmmer, Upcycling Atelieren an e Buttek. Alles steet hei am Kader vun Nohaltegkeet, dem Upcycling oder dem Recycling. BENU Village proposéiert ausserdeem verschidde Visitten a Workshoppe fir jiddereen deen sech fir hir Aktivitéiten interesséiert.

„Commune méritante“ & Gîtes

Als Porteur de Projets vum BENU Village gouf d’Escher Gemeng dann och ausgezeechent fir hir Efforten dat éischt Ökoduerf an der Groussregioun op d’Been ze stellen. Ausserdeem kruten d’Kabaisercher vum Minett Trail och e Präis an der Kategorie „Gîtes“. Zu dëse Kabaisercher gehéiert och de spektakuläre „Pump it up!“ am Ellergronn. Wien eng Nuecht an enger aussergewéinlecher Gîte an der Natur wëll verbréngen, deen ass hei op der richteger Plaz.

Editioun 2021

D’Luxembourg Tourism Awards ginn all zwee Joer verdeelt an och wärend der Editioun 2021 konnt Esch e puer Präisser ofraumen. An der Kategorie „Gîtes“ hunn deemools d’Escher Bamhaiser gewonnen, déi een ënner anerem an eisem Video iwwer den Escher Déierepark. Den Déierepark selwer hat de Präis an der Kategorie „Service Touristique“ gewonnen, dëst ënner anerem fir hir pedagogesch Aktivitéiten, den direkte Kontakt mat den Déieren, d‘Erliefnissiwwernuechtung an de Bamhaiser, asw.

Gutt opgestallt

Esch ass deemno gutt opgestallt och an Zukunft Touristen unzezéien an d’Luxembourg Tourism Awards maache gutt an der Vitrinn vun eiser Stad. Vläicht kritt jo och deen een oder aneren Escher Loscht sech déi verschidde Plazen unzekucken, déi e Präis gewonnen hunn. Vakanz doheem ass souwisou am Beschten!

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom