Meet@Esch – Networking a méi fir d’Geschäftsleit
Den 3. Dezember 2024 war et nees esou wäit: d’Stad Esch huet op déi zweeten Editioun vum Meet@Esch Event invitéiert. Mam Ënnertitel „The Luxembourg Retail Networking Event“ sinn hei ronn 90 Geschäftsleit, Experten, Membere vun der Regierung a Vertrieder vun der Stad Esch zesummekomm, fir iwwer de Commerce ze diskutéieren, mat engem besonnesche Fokus op de lokale Commerce.
Eng zweet Editioun
Déi éischt Editioun vum Event war am Dezember 2022 op Initiativ vum Département des affaires économiques vun der Stad Esch an d’Liewe geruff ginn. D’Iddi war et, fir Proprietäre vu lokale Geschäfter, Franchiseuren a Franchiséën, sou wéi och Besëtzer vu Gebaier am Stadkär zesummenzebréngen. Sou konnten hei nei Kontakter geknäppt ginn, frësch Iddien entstoen an nei Collaboratiounen ugereegt ginn. Nom Succès vun dësem Event war et dëst Joer dann Zäit fir eng zweet Editioun.
Interessant Rieden
No enger Ried vum Buergermeeschter Christian Weis an dem Minister fir Ekonomie Lex Delles, konnten divers Acteuren aus dem lokale Commerce hir Erfarungen an Erfollegsgeschichten deelen. Sou huet zum Beispill de Salvatore Pica vum Drupi’s doriwwer erzielt, wéi seng initial Iddi no an no zu engem erfollegräiche Projet entwéckelt huet. Och den Eric Lei vum Aktuel for Men an den Nicolas Kremer als President vun der ACAIE a Proprietär vun der Bijouterie Hirsch-Glesener hu vun hir laangjäreger, erfollegräicher Erfarung als Geschäftsleit an der Uelzechtstrooss erzielt.
Nieft der lokaler Geschäftswelt huet och de Schäffe Pim Knaff, dee fir déi ekonomesch Entwécklung vun der Stad Esch zoustänneg ass, d’Wuert ergraff. Hien huet ënner anerem d’Wichtegkeet vun der Meet@Esch Plattform ervirgehuewen, fir d’Defie vum Commerce ze iwwerkommen an innovativ Léisungen ze schafen.
Experten
De Steven Van Belleghem, en Expert vun internationaler Renommée, huet d’Publikum mat enger dynamescher Ried begeeschtert. Hien huet besonnesch d’Wichtegkeet vu klengen Detailer ervirgehuewen, déi mat wéineg Opwand d’Clientserfarung däitlech verbessere kënnen.
Weider Interventiounen am digitale Beräich koume vum Carole Müller, Präsidentin vu Luxembourg Confederation, déi déi neisten Trends am Retail beliicht huet. De Paul Ernster, Directeur administratif et financier vun der Librairie Ernster, huet d’Roll vun der digitaler Transformatioun fir de Succès an hire Geschäfter ervirgestrach. Fir ofzeschleissen huet de Pierre Mangers, ICC-Officer fir d’Stad Esch, den aktiven Engagement vun der Stad am europäesche Programm Intelligent Cities Challenge (ICC) an d‘Contributioun zu de Green Deals ervirgehuewen.
Ënnerstëtzung fir de Commerce
D’Stad Esch engagéiert sech mat verschiddene Initiativen zur Entwécklung a Revitaliséierung vum Handel am Stadkär. An dësem Kader huet den Département des affaires économiques vun der Stad Esch verschidde lokal Initiative virgestallt. Zu den ënnerstëtzte Projeten gehéieren ënnert anerem de Projet CLAIRE, Pop-Up-Geschäfter, den Escher Blog, an Animatiounen an der Uelzechtstrooss.
Zousätzlech goufen och national finanziell Ënnerstëtzunge vu Vertrieder vum Ministère de l’Économie presentéiert, déi de lokale Geschäftsleit sollen hëllefen, hir Projeten ëmzesetzen.
Pionéier
Tëschent dësen Interventioune gouf et och erëm Zäit fir e bëssen „Networking“, sou dass d’Leit sech konnte kenneléieren an austauschen. Den Ofschloss vum Event gouf um Krëschtmoart gefeiert, wou d’Gäscht an enger méi festlecher Atmosphär weider networken konnten. Mam Meet@Esch, mat de verschiddene lokalen Initiativen, mee awer och mat hirer Roll am Kader vum Intelligent Cities Challenge, ass d’Stad Esch e Pionéier fir d’Entwécklung vum lokale Commerce.