Eisen Tipp fir de Weekend: Den Déierepark um Gaalgebierg

Eisen Tipp fir de Weekend: Den Déierepark um Gaalgebierg
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Wéi wier et da mol mat engem Besuch am Déierepark um Escher Gaalgebierg? De Gewënner vum Luxembourg Tourism Award 2021 an der Kategorie „Service Touristique“ ass ëmmer e Besuch wäert, egal zu welcher Joreszäit.

Mëtten an der Natur

An der Natur vum Gaalgebierg fënnt een den Déierepark. Ganzer 100 Déiere vun insgesamt 25 Zorte begeeschteren hei Grouss a Kleng op enger Fläch vun zwee Hektar. Kanner kënnen déi verschidden Déieren mol vu méi weit, mol vu ganz no bestaunen. Si kréien souguer gratis Fudder fir d’Déiere selwer ze fidderen. Wichteg ass awer an deem Kontext, datt en op kee Fall Fudder oder Iessensreschter vun doheem matbrenge soll. Wie Loscht op eng kleng Aventure huet, ka souguer an de Bamhaiser am Déierepark iwwernuechten. Ausserdem huet den Déierepark och nach eng flott Spillplaz ze bidden.

Aktuelles

Den Déierepark affichéiert och regelméisseg op senger Internetsäit Aktivitéiten. Haut Freideg, stellt d’Déierepflegerin Lena zum Beispill um 10.15 d’Poitou Iesele vir. Och den Weekend drop wäert et Mëttwochs (Déierefleger), Donneschdes (Geessenomëtteg) a Freides (Déierepresentatioun) flott Aktivitéite ginn. Fir den 1. September ass iwweregens ee Ponynomëtten virgesinn. Ee Bléck op den Internetsite rentéiert sech also ëmmer. Hei fënnt een och Informatiounen iwwer den aktuelle Molconcours „Neie Bewunner am Déierepark“.

Gemittlech ënnerwee

Nieft dem Programm deen den Déierepark selwer ubitt, kann een e Besuch hei och gutt mat villen aneren Aktivitéite verbannen. Wie Loscht op e Maufel z’iessen oder e gudde Patt huet, kann an der Camping’s Stuff e gemittleche Moment verbréngen. Och de Seven Hotel mat sengen zwee Restauranten huet ëmmer eppes ze bidden fir eng kleng Paus ze maachen.

Vill Aktivitéiten

Wien et gäre méi aktiv huet, dee kann de Gaalgebierg ze Fouss entdecken a sech op den Trëppeltour Auto-Pédestre Esch/Alzette beginn. Et ginn och nach eng ganz Rei weider Weeër ze entdecken.  Op de Petanque-Bunnen, dem Fussball oder dem Basketterrain kann een da säi sportlecht Talent ënner Beweis stellen.  Och de Park Gaalgebierg mat senge ville Monumenter oder den Ellergronn sinn net wäit vum Déierepark ewech an iwwert d’Trëppelweeër ideal mateneen verbonnen.

Wien also Loscht op Déieren an Natur huet, deen ass um Gaalgebierg a besonnesch am Déierepark op der richteger Plaz. A wie sech scho wëll eng klengt Bild vum Déierepark maachen a méi iwwert seng Missioun an d’Déiere gewuer ginn, ka sech eise Video ukucken:

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom