Wanderwee Natura 2000 – Buedem mat Eisen

Wanderwee Natura 2000 – Buedem mat Eisen
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. D’Natur ronderëm Esch an am Ellergronn ass ëmmer erëm e Besuch wäert. Nom éischten Deel vun den Natura 2000 Wanderweeër, dee sech ganz ëm de Mënsch an de Bësch dréit, kënnt där haut den zweeten Deel, d’Boucle B, entdecken. Op dësem Deel steet d’Ausbeutung vum eisenhaltege Buedem, fréier an haut, am Fokus.

Buedem mat Eisen

De Numm vun der Boucle B ass offiziell „L’exploitation des terrains ferrfères, jadis et aujourd’hui“ a geet iwwer 4,5 km vum Parc Gaalgebierg Richtung Eisebierg, ronderëm d’Gléicht am grousse Bou erëm zeréck op de Gaalgebierg. Hei kann een eng ganz Rei Spueren erforschen, déi vun der industrieller Vergaangenheet hannerlooss goufen. Den Eisebierg, dee fréier eng Minn ënner oppenem Himmel war, ass ee bekannt Beispill dovun. Op enger klenger, securiséiert Aussiichtsplattform, kann een sech dësen ukucken an déi verschidde Gestengsschichten analyséieren.

Ofwiesslung

Dësen Tour bitt awer nach Villes aneres wat ee kann op eege Fauscht, oder mat engem Guide, entdecken. Vu verschiddene „cités jardinières“, iwwer den archeologesche Site „Op der Gléicht“, bis hin zum „Bulldozerwee“, engem däischteren Tunnel a panoramesche Vuen ass Alles dobäi. Bei den Iwwerreschter vun de Minne gëllt et allerdéngs opzepassen a sech un d’Beschëlderung ze halen. Och naturtechnesch huet d’Boucle B vill ze bidden, mat Kieferbeem déi hei geplanzt goufen fir duerno an de Minne benotzt ze ginn, bis hin zu fréier industrielle Landschaften déi d’Natur sech erëm zeréckeruewert huet.

E flotten Tour

Wie sech hei op de Wee mécht, sollt gutt Schong undoen an ongeféier annerhallef bis zwou Stonnen aplangen. Wien duerno nach ëmmer Loscht op Aventuren huet, fënnt um Gaalgebierg nach säi Gléck. Den Déierepark ass ëmmer e Besuch wäert, a wie wëll méi laang bleiwe ka souguer an de Bamhaiser schlofen. Fir den Honger gëtt et d’Campingsstuff an d’Uelzechtstrooss ass natierlech och net wäit.

Wie sech ouni Guide wëll op dësen Tour woen, fënnt online oder an der Infofabrik déi néideg Informatiounen. En detailléierte PDF-Fichier, deen een ënnerwee um Handy kann kucken, gëtt och detailléiert Erklärungen zum ganze Wee.

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom