Les favoris de … Christian Weis
Les favoris de … Christian Weis
Den Escher Blog: Wat mécht de Christian Weis wann e grad net als Buergermeeschter vun Esch beschäftegt ass?

Christian Weis: „Ech sinn eigentlech e Mënsch dee ganz roueg ass an dee gären seng Dossiere liest a vill Zäit um Büro oder mat der Famill verbréngt. Ee vu mengen Hobbyen ass awer d’Baken. Ech hu lues domat ugefaangen a sinn och a Coursë gaangen, zB an der Hotelsschoul. Elo hunn ech net méi grad esou vill Zäit dofir. Et geet awer vun Zäit zu Zäit duer fir e Brout, Croissanten oder eng Baguette.“
„Ausserdeem kommen ech vun der Escher Grenz a war do och ëmmer bei de Scouten aktiv. A wie vun der Grenz kënnt, dee gehéiert op d’Escher Jeunesse. Dat ass e weidere groussen Hobby.“
Den Escher Blog: Wou gitt Där gären iessen?
Christian Weis: „Ma fir beim Brout ze bleiwen, do hu mär eng ganz Rei vu gudde Bäckeren hei zu Esch – vun Namur bis Cayotte. An d’Brout vum Boff bei der Schwämm ass och super.“
„A punkto Restauranten ginn ech gären emol eppes snacken. De Kaf Lokal vum CIGL gefält mär do ganz gutt. Hei kann een nämlech lokal iesse mee awer och lokal shoppen. Rezent war ech och am 24 Brunch & Cocktails, eng interessant Plaz wou mär gutt gefall huet, och well se aus dem Prozess vum Projet Claire entstanen ass. Et ginn also och an deem Beräich Success Stories zu Esch, déi sech weise loossen.“
„Ech hunn och ëmmer vill Sympathie fir déi Geschäfter vu jonken Escher. Sou ginn ech och einfach emol e Kebab iesse, zum Beispill bei Les Frères an der Uelzechtstrooss. Fir mech sinn dat déi nächst Generatioune vun Escher Geschäftsleit.“
Den Escher Blog: Geet den Escher Buergermeeschter och nach heiansdo een drénken?

Christian Weis: „Ech gi gäre bei d’Anita an d’Taverne Battin bei der Post. Dat ass vläicht ‚old school‘, mee do ass ganz vill Häerz do bannendran. D’Anita mécht dat elo 35 Joer a seet mär all Joer dass et géing a Pensioun goen. Et ass e ganz einfache Bistro, en Aarbechtercafé wéi et der fréier vill zu Esch goufen.“
Den Escher Blog: Wou gitt Där gären akafen zu Esch?

Christian Weis: „Eppes wat ëmmer zu Esch ënnerschat gëtt, dat sinn eis Optiker. Do probéieren ech och ofzewiesselen fir mol bei deen een oder aneren ze goen. Ech soen awer elo keen Numm, well ech weess dass de Marché och deementspriechend ass. Mee ech fannen dass mär do eng ganz komplett Offer hunn.“

„Ëmmer sympathesch sinn och déi Geschäfter wou een d’Gesiicht hannendru kennt, wéi de Jo Metzler vum Blummeland zum Beispill. Déi klassesch Geschäftfammillje ginn et vläicht manner, mee do ginn et vill nei jonk Gesiichter déi dozou gehéieren.“
Den Escher Blog: Wou kann een sech zu Esch gutt entspanen oder Sport maachen?

Christian Weis: „Wat ech schätze geléiert hunn, besonnesch wärend der Corona Zäit wou ech vill trëppele gaange sinn, dat ass de Lallenger Bierg. Deen ass einfach ëmmer erëm besonnesch schéin. Déi rout Fielsen hannen am Neiduerf hunn einfach eppes Extraes.“

„Wann d’Jeunesse op der Grenz spillt, ass dat am Fong e Muss. Do kritt een excellent gegrillt, si hunn déi weltbeschte Salsiccia, an de Veräinsraum hannert dem Vestiaire ass ganz speziell. Do hunn si d’Fändelen an d’Fotoe hänken, vun de Matcher géint Real Madrid oder Liverpool. Wann ech um Fussball sinn, da gëtt och keng Politik gemaach, do gëtt Fussball gekuckt an dann ass dat och gutt.“

„Eppes anescht wat ech probéieren all puer Méint eng Kéier ze maachen, dat ass de ‚BaskIn‘. Dat ass e Sport änlech wéi de Basketball, wou Ekippe gemaach gi mat enger inklusiver Mëschung vu richtege Basketballspiller bis bei Leit mat reduzéierter Mobilitéit oder enger anerer Behënnerung. Do ginn et da bestëmmt Reegele, wie wien däerf attackéieren, asw. Ech spillen och mat wann ech Zäit hunn. Do ass ëmmer eng schéin Ambiance, et ass ganz labber a jidderee mécht säi bescht.“
Den Escher Blog: Wat bedeit Esch fir Iech?

Christian Weis: „Esch ass meng Heemeschtstad. Et ass déi Stad wou ech praktesch alles a mengem Liewe gemaach hunn. Ech hunn hei meng bescht Frënn kennegeléiert, a war a Veräiner aktiv. An wat dës Stad ausmécht ass am Fong net den Zoustand vun der Strooss oder de Raum u sech, mee et sinn d‘Leit déi een hei begéint. Op eiser Gemeng steet ‚Mir wölle bleiwe wat mer sinn‘ an dat Schéinst un Esch ass, dat mär einfach esou si wéi mär sinn; an ech hoffen dass dat och bleift.“