Bamhaus Café – Eng Paus an der Natur

Bamhaus Café – Eng Paus an der Natur
Gastronomie

De Gaalgebierg huet esou munches ze bidden. Nieft dem Park, dem Déierepark, de villen Trëppelweeër, dem Boho Restaurant an dem Geméisguart, ginn et natierlech nach d’Bamhaiser an dozou passend de Bamhauscafé. D’Anne Meyers, Responsabel vum Déierepark an de Bamhaiser, sou wéi d’Linda Zwally an de Michel Arnault, allen zwee Chef d’équipe vum Bamhaus Café, bidden de Leit hei déi richteg Plaz fir eng Paus an der Natur ze maachen.

Sech erhuelen

Sou no um Stadzentrum vun Esch, erlaabt de Gaalgebierg den Escher et, sech ouni grouss Rees mëtten an der Natur ze erhuelen. Esou e Spadséiergang kann awer och emol ustrengend sinn, wouduerch eng kleng Paus am Bamhaus Café ëmmer eng exzellent Iddi ass. Hei kritt een dann och eng kleng Restauratioun gebueden sou wéi natierlech eppes Waarmes ze drénken, e Kaffiskichelchen oder e Stéck Kuch.

„D’Iddi war et en Treffpunkt hei am Déierepark ze schafe wou d’Leit kënnen zesummekommen a sech entspanen“, erkläert d’Anne Meyers.

Eng speziell Plaz

Besonnesch an de méi kale Joreszäiten, bitt de Bamhaus Café déi néideg Wäermt wann een emol kuerz aus der Keelt erauswëll. Ëmgedréint, kann een sech et am Summer op enger vun de klengen Terrassen gemittlech maachen. Hei huet een seng Rou an et kann een d’Vue genéissen oder esouguer den Déieren am Park nokucken.

Je no Joreszäit fënnt deen dann och verschidde Saachen um Menü, woubäi d’Produiten aus lokaler, regionaler oder biologescher Produktioun kommen.

Ëmmer op

De Bamhauscafé ass dann och all Dag (jo, och sonndes) vun 9:00 bis 18:00 Auer op. Am Summer ass esouguer e bësse méi laang op. Och an der Mëttesstonn kann ee gäre laanschtkommen an eppes Guddes iessen: eng Quiche Lorraine, eng Pinsa, eng salzeg Brioche, eng Rieslingspaschtéit, eng Geméistoart oder eng gutt waarm Zopp stinn am Moment hei op der Kaart.

Beim Gedrénks feelt et och net u Choix, vun de Klassiker wéi Béier a Wäin, geet et hei bis bei de Schocki an de Cappuccino. Et sollt also jiddereen eppes fir säi Goût hei fannen.

Do uewen zu Esch

Um Gaalgebierg kann een sech also duebel entspanen, eemol ewech vum Trubbel vun der Stad oder dem Alldag an eemol bei engem klenge Snack an eppes ze drénken am Bamhaus Café. An dofir muss een net wäit reesen, mee just bis erop op de Gaalgebierg kommen a kuerz bis an de Bamhaus Café.

Déi vill Déiere ronderëm, d’Loft déi duerch d’Beem zitt, d’Sonn déi engem an d’Gesiicht straalt, de waarme Schocki an den Hänn – do ass et scho ganz schéin, do uewen zu Esch.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom