Eisen Tipp fir de Weekend: Summer an der Escher Natur

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Säit dem November 2020, huet den Escher Blog schonn esou munchen Artikel iwwert d’Natur zu Esch. Elo wou d’Wieder esou gutt ass an d’Sonn eis all Dag Loscht gëtt an d’Vakanz ze goen, kucke mer eis all déi flott Saachen un, déi een an der Natur ronderëm Esch kann ënnerhuelen.
Vakanz doheem

Ronderëm Esch kann ee sech op vill flott Plazen an der Natur erhuelen. Et muss een also net onbedéngt wäit goen, fir e bësse Vakanz ze maachen. Déi zwou bekanntste Plaze sinn natierlech de Gaalgebierg an den Ellergronn. Béid Regioune bestiechen duerch hir wëll Natur déi am Laf vun der Zäit déi fréier Industriegebitter zeréckeruewert. Um Gaalgebierg kann een zum Beispill an den Déierepark goen , wat besonnesch fir Famillje mat Kanner ëmmer en Highlight ass.
Wandere bis een ëmfält

Eng ganz Rei Wanderweeër kann een dann och um Gaalgebierg an am Ellergronn entdecken. Esou gëtt et de den Autopedestre deen net wäit vum Déierepark ufänkt, an deen een oder anere Minett Trail deen hei duerchféiert. Och d’Boucle B vun den Natura2000 Wanderweeër fänkt hei un . Am Ellergronn fënnt een zum Beispill d’Natura2000 Boucle A, déi och ganz spannend ass a wien sech op d’Sich no der Boucle C wëll maachen, dee fënnt net wäit vum Déierenasyl säi Gléck. Natierlech kann ee vill vun dëse Weeër och mam Vëlo entdecken, am beschten natierlech um Mountainbike.
Aner Aktivitéiten

Wien säin Trëppeltour net eleng wëll begoen, dee kann eventuell e Mupp aus dem Déierenasyl mathuelen. Déi freeë sech natierlech ëmmer wann si frësch Loft schnupperen an d’Weeër ronderëm Esch entdecke kënnen. Wien awer just e kuerzen Ausfluch wëll maachen, kann ee vun de ville Parken zu Esch besichen an do e bëssen entspanen. Famillje mat klenge Raiber begi sech dobäi am Beschten an de Lavals Parc wou déi Kleng sech op enger grousser Spillplaz a Form vun engem Pirateschëff kënnen austoben. Wien nach weider Iddie sicht, dee fënnt säi Gléck och gären op www.visitminett.lu oder op explore.esch.lu !
Dëst si just e puer vun den Aktivitéiten, déi een an der Natur ronderëm Esch kann ënnerhuelen. Bei den aktuellen Temperaturen, sollt een dobäi net vergiesse genuch Waasser ze drénken. Wien dobäi nach eng Stäerkung brauch, dee sollt besonnesch dëse Weekend an d’Uelzechtstrooss kommen. De Samschdeg (17.06.2023) baakt d‘Cloud Factory do nämlech eng Pizza vun 100 Meter. Avis aux amateurs!
Den Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.
Haaptfoto: ©Pulsa Pictures, ORT Sud