Déi längste Passerell an Europa

Déi längste Passerell an Europa
L'idée du weekend

Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech an dëser Rubrik reegelméisseg een dovunner vir. Haut erfuersche mer de fonkelneie Vëlodukt dee vun Esch-Belval bis an den Zentrum vun Esch féiert.

E Vëlo-wat?

De Vëlodukt huet säin Numm vu de bekannten Aquedukter a Viadukter déi d’Réimer eis hannerlooss hunn. Aquedukt zum Beispill kënnt vun den zwee latäinesche Wieder „Aqua“, wat Waasser heescht, an „Ductus“ wat geleet oder guidéiert heescht. E Viadukt war eng Bréck iwwert en Dall oder soss en Hindernis. Ausserdeem gëtt déi grouss Zuchsbréck, déi iwwer de Prënzereng geet, jo och vun den Escher „de Viadukt“ genannt.

Dat passt also perfekt bei déi nei Vëlosbréck, mat deenen d’Vëlosfuerer vun Esch op den Universitéits Campus zu Esch-Belval oder ëmgedréint „geleet“ ginn. Natierlech ass dës Passerell net just fir Vëlosfuerer op, mee och fir Foussgänger, Leefer, asw.

Eng laang Bréck

D’Vëlospist PC8 déi heiriwwer féiert, zitt südlech laanscht den ArcelorMittal Site, tëschent der „An der Schmelz“ Strooss an den Eisebunnsschinnen niewendrun. Am Ganzen erstreckt si sech iwwert eng Längt vun 1,9 Kilometer an ass bis zu 7,5 Meter héich. Domat ass se iwwregens déi längste Passerell an Europa. Den 10. Januar 2023 gouf si offiziell ageweit a säitdeem kann ee scho vill Foussgänger, Vëlosfuerer a Leefer all Dag op der gieler Bréck entdecken.

Eng gutt Connectioun

De Vëlodukt verbënnt déi zwee wichteg Escher Deeler, den Zentrum an den Universitéitsquartier Belval. Sou bitt et sech un hei weekends en Ausfluch ze maachen an ze Fouss oder mam Vëlo de flotten Ausbléck vun der Passerelle aus ze genéissen. Ausserdeem kann een esou spannend Plaze wéi den Urban Belval, de Le T’Chiz, d’Rockhal, de Restaurant Nonbe oder d’Héichiewen um Belval mat anere Plazen aus dem Zentrum verbannen. Och e Besuch bei der Uni Lëtzebuerg oder dem Espace Massenoire bitt sech un.

Ëmmer op!

Béid Deeler vun Esch hu vill ze bidden, an de Vëlodukt erméiglecht et déi Zwee mam Vëlo oder ze Fouss op eng confortabel Aart a Weis ze entdecken, ganz am Sënn vun der doucer Mobilitéit. Och d’Vue vun der Vëlosbréck aus ass schonn eng Excursioun wäert. Hei huet een eng interessant Vue op Esch-Belval, et kann een de Site vun ArcelorMittal bestaunen oder an der Distanz d’Natur bewonneren. Wie gutt Aen huet, kann och zum Beispill e Bléck vun hannen op de Baucenter Decker-Ries geheien. Et gëtt also Villes ze gesinn an ze bestaunen, an den neie Vëldukt ass ëmmer en Ausfluch wäert – net nëmmen um Weekend!

Der Escher Blog verëffentlecht reegelméisseg en Tipp fir de Weekend an dëser Rubrik. War dësen Tipp näischt fir Iech, da kuckt Iech déi aner Tipps an der Rubrik un oder kuckt déi nächst Woch nach eemol eran.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom