Les favoris de… Cinzia Derosa

Les favoris de… Cinzia Derosa
Découvrir

Säit senger Kandheet verbënnt d’Cinzia Derosa ganz Villes mat der Uelzechtstrooss. Wéi hatt ganz kleng war, huet hatt hei mat sengen Elteren, déi hei och Geschäfter haten, gewunnt. Spéider an der Lycéeszäit war et Traditioun freides no der Schoul an d’Uelzechtstrooss ze kommen an hei Zäit mat de Kolleegen ze verbréngen. Hautdesdaags ass d’Cinzia eng erfollegräich Geschäftsfra a bedreift zesumme mat senger Schwëster eng Rei Geschäfter am Land, dovun och e puer an der Uelzechtstrooss zu Esch.

Eppes fir ze schmaachen

Fir en Aperitif oder e klenge Maufel z’iessen, ass den Drupi’s eng vun de Liblingsplazen zu Esch. Säit senger Erëffnung fest etabléiert, gëtt et kaum en Escher oder eng Escherin deen hei net schonn zu Besuch war. Hei fënnt een d’Cinzia gäre mol an der Mëttesstonn oder no der Aarbecht. Fir e gudde Plat, geet d’Cinzia awer och emol gären an de Restaurant Moustache. „Hei sinn ech e grousse Fan vun der Brochette au scampis. Déi ass exzellent. Och an den Opus Mer gi mär mol gären oder an de Lefèvre wa mär eppes ze feieren hunn“, seet d’Cinzia.

Fräizäit

A senger Fräizäit geet d’Cinzia bei Geleeënheet och mol um Gaalgebierg spadséieren. D’Natur ass hei e gudden Ausgläich zum Beruffsliewen an déi vill Wanderweeër um Gaalgebierg lueden ëmmer ob e gemittleche Spadséiergang an. „Och duerch d’Uelzechtstrooss kann een ëmmer en Tour maachen an zum Beispill d’Vitrinne vun de Geschäfter kucken“, erzielt hatt. Als Geschäftsfra kennt d’Cinzia natierlech och vill aner Geschäftsleit vun Esch, mat deenen een ëmmer schwätze kann. „Och soss gëtt et zu Esch alles wat ee brauch“, seet d’Cinzia. „Vun Optiker bis Dokteren asw. Et ass alles do.“

Shopping

Wann et emol e klenge Cadeau soll si fir wann d’Cinzia anzwousch op Besuch ass, da luusst hatt meeschtens beim Lola Valerius eran. „Do fënnt een ëmmer eppes Schéines fir ze verschenken an et ass och en authentescht Stéck Esch. Sou kann een de Leit och weise wat et Flottes hei gëtt“, erkläert hatt. Beim Gezei huet d’Cinzia natierlech eng Präferenz fir seng eege Geschäfter.

Projeten

Fir seng Leidenschaft fir d’Moud nach weider auszeliewen, huet d’Cinzia och en neie Projet op d’Been gestallt. Ënnert dem Numm „Cinzia Larose“ verkeeft hatt hei Moud déi him besonnesch gefält, entweder a sengem E-Shop oder momentan och an engem Pop-Up op der Nummer 16 an der Uelzechtstrooss, deen nach bis den 28. Februar op ass. Sou kann een zu Esch nach e weidere Bijou entdecken, nieft deene villen déi et scho ginn an zum Cinzia senge Liblingsplaze gehéieren.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom