Summer zu Esch – D’Escher Natur am Summer entdecken
Et gi vill Grënn en Dag oder e Weekend zu Esch-Uelzecht ze verbréngen. Den Escher Blog stellt Iech reegelméisseg een dovunner vir. D’Natur ronderëm Esch huet vill ze bidden: Wanderen, Vëlo fueren, e Mëtteg op der Spillplaz oder eppes anescht – Méiglechkeete ginn et der vill.
Am Gréngen ënnerwee
De Gaalgebierg an den Ellergronn sinn nëmmen e puer Minutte vum Escher Zentrum ewech an déi perfekt Plaze fir sech am Summer e bëssen ze entspanen. Esou kann een zum Beispill ee vun de ville Wanderweeër entdecken: déi verschidde Boucle vun den Natura2000, Wanderweeër, verschidden Autopédestre an deen een oder anere Minett Trail féiert och duerch d’Escher Natur.
Op zwee Rieder
Mam Vëlo kann een sech an der Escher Natur natierlech och austoben. Besonnesch den Ellergronn, de Gaalgebierg an de Lallengerbierg sinn hei beléiften Destinatioune vun de Cyclisten. Mam Mountainbike kann een hei duerch d’Bëscher oder iwwer de roude Buedem vum Minett flitzen. Verschidde Parcourse mat verschiddene Schwieregkeetsgrade bidde Spaass fir jiddereen. De richtegen Ekipement dofir, fënnt een direkt zu Esch beim Cycles Rasqui oder am RC Bikeshop.
Eppes fir déi Kleng
Och Famille mat klenge Kanner fannen dobaussen zu Esch déi richteg Ënnerhalung. D’Spillplaz am Lavalspark, mam grousse Pirateschëff ass do natierlech e Favorit bei deene Klengen. Awer och de grousse Park um Gaalgebierg ass eng beléiften Destinatioun mat allem wat ee brauch, vu Schaukele bis Rutschbanen, wat ee gutt mat engem Besuch am Déierepark verbanne kann.
Dat sinn natierlech net all d’Spillplazen, déi et zu Esch ginn. Am ganze fënnt een an a ronderëm Esch 52 Spillplazen, jee nodeems wéi wäit ee wëll goen. Op topographie.villeesch.lu (points d’intérêt – vivre en ville – sport et loisirs – aire de jeux) oder spillplaz.lu fënnt een se all erëm, vill dovunner esouguer mat Fotoen an e puer Informatiounen zu de verschiddene Spiller op der Plaz.
Et gëtt also vill ze dinn zu Esch an Ëmgéigend. Et muss een sech just e klenge Ruck ginn déi véier Wänn ze verloossen, wat bei guddem Wieder net all ze schwéier dierft sinn. Duerno kann een da vläicht och nach ganz gemittlech op enger Terrass eppes drénken oder iessen. Et muss ee jo profitéieren!