Les favoris de… Jo Metzler

Les favoris de… Jo Metzler
Découvrir

De Jo Metzler leet säit zéng Joer de Familljebetrib. Blummeland Et Si an der Uelzechtstrooss ass sécher villen Escher e Begrëff. Wann de Jo net grad am Geschäft oder bei Clienten ënnerwee ass, da fënnt een hien oft zu Esch.

Eppes Guddes z’iessen

Fir den Honger, geet de Jo gären an de Restaurant Cômo oder an d’Schmëdd. Net nëmme schmaacht et dem Jo do besonnesch gutt, mee de Renato ass och e Frënd vun der Famill an e gudde Client am Blummeland. “Déi vun der Schmëdd sinn och gutt Kolleegen an et ass wéinst der Proximitéit zum Ellergronn déi perfekt Plaz fir mech. Hei kann ee gemittlech mat der Frëndin iessen oder och emol mat de Fussballskolleegen e bësse Larifari maachen”, erzielt de Jo. Déi variéiert Platen sinn fir hien dobäi den I-Tëppelchen.

Méi seele geet de Jo och emol an d’Maison Lefèvre, wou et him och gutt schmaacht. An der Mëttesstonn besicht de Jo gären déi Plaze méi no beim Blummeland. “De Pizza Enzo, den Domanni, bei de Rocco oder de Pizza Metre an der Kanalstrooss – dat sinn esou d’Klassiker. Do weess een dass de Kascht gutt ass an d’Präis-Leeschtungs Verhältnis stëmmt”, erkläert de Jo.

E gudde Patt

Wann de Jo da mol wëll en anstännege Patt Wäin oder en Aperol drénke, da geet hien, wéi esou vill Escher, gären an den Drupi’s. „Do ass ëmmer eng gutt Stëmmung. De Salva ass och e gudde Kolleeg, dofir ass dat och eng aner Relatioun déi een zu där Plaz huet. Et kann een awer ëmmer einfach esou dohinner goen an et kritt een ëmmer eppes Guddes an enger flotter Atmosphär“, seet de Jo.

Och aner Plaze wéi natierlech de Pitcher oder de Café Pirate zu Lalleng besicht de Jo geleeëntlech. „Dat sinn déi klassesch Minnetsbistroe wéi een se kennt. Do kritt een dann och en anstännege Béier gezaapt.“ An dann dierf als Jong vun der Jeunesse Esch natierlech de Café op der Grenz net feelen. Dass deen no beim Ellergronn läit ass fir de Jo e flotte Bonus.

Sport a Fräizäit

Et war nämlech de Fussball, deen hie fréier vill op Esch bruecht huet. Geleeëntlech kickt hien dann och nach mat de Kolleegen an der drëtter Ekipp vun der Jeunesse. Wann et sech awer emol net ëm de ronne Lieder dréint, da geet de Jo gären am Ellergronn lafen oder mam Vëlo fueren. „Mat mengem Hond sinn ech och ganz vill am Bësch ënnerwee an dat praktesch ëmmer am Ellergronn. Dee kennen ech auswenneg.

Et ass eng wonnerschéi Plaz net wäit vum Stadkär wou ee sech ka vum Stress vun der Stad zeréckzéien. Et kann ee Kilometer wäit goen, oder och emol bei der Maison Rosati grillen oder esouguer iwwernuechten“, erzielt de Jo.

Eng Heemecht

Besonnesch mat der Uelzechtstrooss verbënnt de Jo och vill gutt Erënnerungen aus senger Kandheet. „Wann ech net grad hannen an der Camionette vu mengem Papp tëschent de Blumme geschlof hunn, dann hunn ech an der Uelzechtstrooss mat Kolleege mam Ball gespillt an dee widder d’Mauere gekickt“, erënnert hie sech. Och haut nach, ass d’Uelzechtstrooss him wichteg an dat net nëmme wéinst dem Blummeland. „Fir anzekafe fënnt ee praktesch alles hei zu Esch a besonnesch an der Uelzechtstrooss si vill flott Butteker wou ech och emol akafe wéi den Aktuell, den Italianstyle oder den Esprit“, seet hien. Natierlech ginn et och flott Geschäfter an anere Stroosse wou ee säi Gléck fënnt.

Zu Esch fënnt een alles wat ee wëll, dat ass sécher!

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom