Christmas Shopping zu Esch – E Cadeau fir jiddereen

Christmas Shopping zu Esch – E Cadeau fir jiddereen
Shopping

D’Feierdeeg sti virun der Dier an dat heescht, wéi ëmmer: Et ass Zäit, Cadeauen ze kafen. Deen ee brauch der emol méi wéi deen aneren, mee jidderee sicht no flotten Iwweraschunge fir senge Léifsten eng Freed ze maachen, oder vläicht och sech selwer. Um Enn vum Joer huet een et op allefalls verdéngt.

Akafen zu Esch

Natierlech ass d’Versuchung hautdesdaags grouss, nëmmen op den Online Shopping zeréckzegräifen, mee firwat net och déi lokal Geschäfter ënnerstëtzen? Dëst huet vill Virdeeler: et kann een sech op der Plaz professionell berode loossen, beim Gezei kann ee Saachen umoossen, et ënnerstëtzt een seng Matbierger an et mech een eppes fir d’Liewe an eiser Stad. Am Escher Zentrum ginn et dann och eng ganz Rei Commercen, déi Flottes ze bidden hunn.

Gezei

Ganz beléift fir e Cadeau ass ëmmer Gezei wat mer all Dag brauchen, besonnesch am Wanter. Hei huet een zu Esch e grousse Choix. Schonn eleng an der Uelzechtstrooss fënnt een vill Geschäfter, wéi z.B. Aktuel, Italianstyle, 57’Alzette, White House, The Corners, Mademoiselle Jacky, Didakids fir déi Kleng, de Weltbuttek an nach vill méi. Jee no Stilrichtung an Déckt vum Portmonni fënnt hei jidderee säi Gléck, an dat sinn emol net all d’Geschäfter zu Esch, wou ee Gezei kritt.

Séissegkeeten

Wann ee wëll engem eng besonnesch Freed maachen, da féiert de Wee oft iwwert de Mo, wéi d’Spréchwuert et seet. Och hei ginn et zu Esch eng Rei deliziéis an exklusiv Adressen, enner anerem: beim Lola Valerius kritt ee richteg kleng Konschtwierker aus Schockela mat de verschiddenste Goûten, am De Neuville kritt ee Spezialitéiten aus Frankräich, an der Pâtisserie Gérard Cayotte gëtt et de richtege Kuch fir e schéinen Owend, am Drupi’s hunn se e gudde Wäin, an am Kaf Lokal fënnt ee, wéi de Numm et scho seet, eng ganz Rei Spezialitéite vu lokale Produiten.

Decoratioun a méi

Wien nach eppes anescht sicht, dee gëtt zu Esch natierlech och fündeg. Am Deco d’Ailleurs kritt een schéin Dekoratiounsobjeten, woubäi ee bei Primphoto Saache kritt déi ee mat Fotoe personaliséiere kann. Spektakulär Konscht a Miwwelen aus Afrika fënnt een am Saladany a wien de klassesche Bouquet Blumme sicht, dee fënnt keng besser Adress wéi d’Blummeland. Fir Bicher an alles wat dobäi passt kann een an d’Libraire Diderich a ganz spannend ass natierlech och de Pop-Up Esch, wou et ëmmer Interessantes ze entdecke gëtt. A wann et esouguer e Vëlo soll sinn, dann ass ee beim Cycles Rasqui oder am RC Bikeshop richteg.

Alles a méi

Wéi ee gesäit ass de Choix grouss an Adresse ginn et der vill. Wien elo nach net dat Richtegt hei an de Beispiller fonnt huet, dee kann sech an eiser „Shopping“ Rubrik ëmkucken oder esouguer op eiser Kaart vun Esch, wou d’Geschäfter all markéiert sinn.

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom