Les favoris de… Mandy Ragni

Les favoris de… Mandy Ragni
Découvrir

D’Mandy Ragni ass en „Escher Meedchen“ an dat scho vu Gebuert un. Als Kand huet hatt eng Zäit zu Esch-Belval gewunnt, direkt nieft enger Spillplaz an net wäit vun de Wise ronderëm an deenen d’Kanner oft gespillt hunn. Hautdesdaags wunnt d’Mandy awer zu Lalleng, wou seng Kanner och an d‘Schoul ginn. Fest zu Esch verankert, an a senge ville Quartieren doheem, kennt d’Mandy déi eng oder aner flott Plaz a „senger Stad“.

Wann d’Mandy emol net esou vill Zäit huet an et schnell eppes muss iessen, da stinn de Pizza Enzo an de Cayotte um Plang. „Do ass et ëmmer gutt“, seet d’Mandy. Weekends, wann hat mol méi gemittlech mat der Famill ënnerwee ass, dann ass de Restaurant Schmëdd fir d’Mandy eng beléiften Destinatioun. „Dat ass esou eng flott Plaz mëtten an der Natur, a léisst sech gutt mat engem Trëppeltour mat der Famill a mam Hond verbannen. Net wäit ass och eng Spillplaz wou d’Kanner sech kënnen ameséieren.“

D’Mandy ass awer nach op villen anere Plazen ze fannen. „De Club 5 ass och flott an do ass och eng Spillplaz wou d’Kanner sech wuel fillen. D’Kufa huet natierlech ëmmer e schéine Kader, oder de Mise en scène wou et méi klassesch ass.“ Well d’Mandy an seng Famill heiansdo emol ouni Fleesch auskënnt, ginn si och gären an de Chiche. „Do hunn se gutt vegetaresch Platen an dat ganzt Konzept ass natierlech super.“ Fir méi orientalesch Goûten dann, geet d’Mandy gären an de Restaurant Aagaman op der Benelux Plaz, wou déi indesch Platen ëmmer en Highlight sinn.

Fir e Patt drénken ze goen, recommandéiert d’Mandy och e puer Plazen, obwuel hatt hautdesdaags méi seelen een huele geet. „Wann ee bis Kanner huet dann hëlt dat e bëssen of. Trotzdeem ginn et hei vill flott Plazen. Den Drupi’s ass ëmmer gutt fir gemittlech e Glas Wäin ze genéissen. De Wicki Beach ass och super. Ob ee Mëttes mat de Kanner geet oder Owes ouni si op e Concert, et ass ëmmer eng lass do.“ An da ginn et natierlech e puer Klassiker fir eng Taass Kaffi, wéi d’Ratelach, den Diderich oder de Babbocaffè.

Niewebäi genéisst d’Mandy och gären d’Natur zu a ronderëm Esch. „Den Ellergronn, de Gaalgebierg oder de Lallengerbierg, dat sinn alles immens schéi Plaze wou ee ka gutt spadséiere goen. Do si mär oft mam Hond ënnerwee an als Famill kann een do schéin entspanen.“ Iwwerhaapt, ass déi Mëschung vun urbanem Zentrum mat grénge Flecken, eppes wat d’Mandy un Esch esou faszinéiert. „Et bitt engem d’Geleeënheet vill Verschiddenes z’ënnerhuelen ouni wäit ze reesen. Ob een akafe geet, oder mam Vëlo an d’Natur wëll. Et ass alles no bäi.“

Fir anzekafen, geet d’Mandy gären op de Moart, oder an ee vun de ville Butteker zu Esch. „Ech mengen dass een eigentlech hei fir alles e Buttek fënnt. Dat Eenzegt wat ech mär nach géing wënsche wier e Geschäft fir Kannerschong.“ Soss ginn et laut him awer genuch Geschäfter vun alle Präisklassen, wou jidderee ka shoppe goen. A wann d’Mandy mol kuerzfristeg eng nei Coiffure brauch, da geet hatt gäre bei den Tun. „Dat ass och eng Aart Entspanung fir mech an si këmmeren sech ëmmer ganz gutt ëm mech.“

Esch, mat all seng Facetten a senge Butteker, Restauranten a grénge Flecken, ass fir d’Mandy en Deel vun hir. „Ech droen Esch am Häerzen. Ech sinn houfereg vun hei ze sinn a meng Famill an ech sinn hei doheem.“ E Gefill wat d’Mandy mat ville Bierger verbënnt. Besonnesch awer déi vill nei Plazen zu Esch, ginn him nach méi Hoffnung fir d’Zukunft: „Plaze wéi den Drupi’s, de Babbo, dem Lola säi Buttek, Simplicithé oder de Kaf Lokal brénge vill Charme op Esch an zéien och nei Leit un. Dat sinn Exklusivitéiten déi et just hei ginn an si stellen eng flott Entwécklung fir ons Stad duer.“

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom